Skip to main content
Dir fannt verschidden thematesch Raim mat interaktiven Elementer.

Vergaangenheet, Géigewaart an Zukunft

D'Ausstellung weist eng Rei Wiebmaschinnen, Webgeschir an antik Stoffer, déi d'Entwécklung vun der Textilproduktioun am Laf vun de Joerhonnerten illustréieren. Virun allem dank senge interaktiven Terminals bitt den Textil Musée Larochette eng eenzegaarteg Exploratioun vum Know-how an dem Ierwen vun der Textilkunst an der Regioun.

Textil Musée Larochette

Den Textil Musée Larochette an der Fiels ass eng faszinéierend Ariichtung, déi sech der Erhalung an der Presentatioun vun der räicher Geschicht vun der Textilindustrie widmet. De Musée ass an engem historesche Gebai ënnerbruecht, dat fréier als Industriehal gedéngt huet, a bitt de Visiteuren en Abléck an déi traditionell Techniken a Maschinnen, déi an der Textilproduktioun benotzt ginn.

Original Maschinen aus der Textilaarbescht vun fréier sinn ze bestaunen.
Verschidde Videoen erklären d'ausgestallte Maschinnen an erziele méi iwwer d'Vergaangenheet vun der Textilbranche hei an der Fiels.

Fashion yesterday and today

“Buy Less, Choose Well, Make it Last”
Vivienne Westwood

L’ONG Fairtrade Lëtzebuerg

D'ONG Fairtrade Lëtzebuerg an hir Partner engagéieren sech, zesummen ze handelen, fir en méi gerechte an nohaltege faire Commerce tëscht Produzenten a Mataarbechter aus Afrika, Asien, Lateinamerika an der Karibik an de Konsumenten zu Lëtzebuerg z'entwéckelen.

D'Zil vun der ONG ass et, d'Konsumenten zu méi fairen, gesond an nohalteg Konsumgewunnechten ze féieren. Konkret baséiert déi deeglech Aarbecht vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg op véier Haaptpunkten: der Erzéiung zum Weltbierger, der Sensibiliséierung fir de faire Commerce, der Ënnerstëtzung vun de Partner zu Lëtzebuerg an der Interessevertriedung bei den nationale wéi och europäesche politeschen Instanzen.

D'ONG Fairtrade Lëtzebuerg setzt sech fir d'Fërderung vum fairem Handel an. Zanter méi wéi 30 Joer engagéiert sech d'NGO Fairtrade Lëtzebuerg dofir, d'Wäerter vu Respekt, Gerechtegkeet an Nohaltegkeet am Weltwirtschaftshandel ze verankeren.

D'Ausstellung an der Fiels gouf am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne „Rethink Your Clothes“ realiséiert. Dës Campagne gëtt vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg am Optrag vun der lëtzebuergescher Entwécklungszesummenaarbecht duerchgefouert.