Skip to main content

Pädagogesch Ziler

  • Entwécklung vun der Textilindustrie, hir aktuell Verlagerung an hiren Afloss op de Globalen Süden verstoen
  • Sozialen, wirtschaftlechen an ëmweltlechen Afloss vun der Fast Fashion analyséieren
  • Teamgeescht an kritescht Denken fërderen
  • Verantwortungsbewossten Konsum am Textilsektor encouragéieren

Oflaaf vum Spill:

An Teams iwwerhuelen d'Schüler verschidde Rollen (Textilarbechter, Ëmweltinspekteur, bewossten Konsument, Fair-Trade-Entrepreneur) a stellen sech fënnef Erausfuerderungen an ënnerschiddleche Musée-Zëmmeren. Si observéieren Ausstellungstécker, analyséieren Informatiounstafelen, Videoen a T-Shirten an léisen dobäi knifflëg Puzzelen. D'Spill hällt mat enger gemeinsamer Diskussioun an der Presentatioun vun engem "Rethink Your Clothes Ambassador"-Badge op.

D'Geheimnis vum roude Fuedem

E Léierspill am Häerz vum Textilmuseum an der Fiels

D'Textilmuseum bitt eng immersiv Tour fir Schüler am Alter vun 10 bis 18 Joer. Am Spill "D'Geheimnis vum roude Fuedem" entdecken d'Participanten d'historesch an aktuell Erausfuerderungen vun der Textilindustrie – am Zesummenhang mat Konsum, weltwäite Produktiounsbedéngungen an fairem Handel.

Dauer: 1,5 bis 2 Stonnen
Zilgrupp: Grondschoulen (ab 10 Joer), Lycéeën, Maison Relais
Plaz: Al Gare Fiels / Gemeng Fiels

Informatiounen an Reserveierung

Per E-Mail: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Per Telefon: +352 35 07 62 31