D’Fielser Textilfabreken

Spënnerei Nicolas Ludovicy-Scharlé (Industrielle, Députéierten an Buergermeechter an der Fiels (1918-1921)
Zougemaach: virun 1902
Aktivitéit: Spannen a Fierwe vu Stréckwoll
Kuerz Firmebiografie:
D’Spënnerei huet Stréckwoll hiergestallt. Ënnert dem Nicolas Ludovicy II, dem spéidere Buergermeeschter vun der Fiels, sinn 1876 eng Wollwäscherei a eng Fierwerei derbäikomm. 1889 waren hei aacht Aarbechter beschäftegt. D’Firma huet hire Betrib 1914 agestallt an d’Gebai gouf an eng mechanesch Fabrick fir Biischten, Biesemen a Biischtenholz ëmgewandelt. (383)
Adress: Ousterbur, Miedernacher Strooss, an der Fiels

Spënnerei Sinner-Even
Zougemaach: 1874 +/-
Aktivitéit: Wollwueren
Kuerz Firmebiografie
Den Industrielle Jean Sinner huet ëm 1820 d’Weidertermillen kaft. 1856 huet en eng Spënnerei an Duchfabrick gebaut niewent d’Millen. Méi spéit koum eng Follmillen derbäi. Schonn 1875 ass d’Fabrek Sinner-Even faillite gaangen an versteet gin. Neie Proprietär vun de Gebailechkeete gouf d’Famill Ginter, déi dun hei Gezei hiergestallt huet. (312)
Adress: Miedernacher Strooss, an der Fiels

Manufacture de vêtements Edgard Delmarque
Zougemaach: 1933 +/-
Aktivitéit: Manufaktur vun Kottengsstëfter an allgemeng Produktioun vu Schaffgezei
Bekannt fir: Schaffgezei
Kuerz Firmebiografie
Ëm 1920 huet den Edgard Delmarque d’Biischten- a Biesemfabrek Büchler-Reuland kaaft an an de Produktiounsraim eng Wiewerei fir Kotteng an eng Konfektiounsfabrek installéiert. Siechzéng Bitzmaschinnen an eng Coupeuse waren an der Fabrek a Betrib. 1929 huet den Delmarque déi eidel Gebaier vun der Drotfabrek Tréfila derbäi kaaft (rue Scheerbach – dono war et d’Vestimenta SA) a se an eng Fabrek fir Beruffskleedung ëmgewandelt. (376)
Adress: Millenstroos, hannert enger Heiserzeil vun der Bleech. D’Gebeier stin net méi.

Draperies de Larochette
Zougemaach: 1967
Aart vun der Aktivitéit: Fabrikatioun vu Stëfter a Schaffgezei
Bekannt fir: Uniformsstëfter fir staatlech Administratiounen
Kuerz Firmebiografie
De Jean-Pierre Ginter keeft den Hären Jean a Charles Knaff d’Fabrek of (Manufacture Royale Grand-Ducale de Draps & Nouveautés, établéiert 1856) an grënnt am selwechten Joër 1906 d’Duchfabrick „Draperies de Larochette s.à.r.l.“. An den zwee Weltkricher war se Deel vun der däitscher Krichswirtschaft. Hir bescht Zäit hat d’Entreprise an de Joren nom Krich, wéi se de Stoft fir d’Uniforme fir Administratioune wéi d’Arméi, d’Post an d’Eisebunn hiergestallt huet. Wéi de Militärdéngscht 1967 ofgeschaaft gouf a Lëtzebuerg fir déi auslännesch Konkurrenz opgoung, konnt d’ Fabrek sech net méi halen an huet 1970 zougemaach. Haut sin an de Gebeier Wunnengen. En aaneren Zeie vun der industrieller Vergaangenheet vum Site ass deen ale Kanal an de Kamäin. (624)
Adress:
an der Scheerbach, an der Fiels

Teinturerie Bonne-Sichel & Cie.
Zougemaach: 1914 (an der Fiels)
Aart vun der Aktivitéit: Spënnerei a Blofierwerei
Bekannt fir: blo léngen a kottengs Dicher, Luxusléngent
Kuerz Firmebiografie
De Leib Isaac Bonne huet ëm 1848 déi wichtegst Fierwerei zu Lëtzebuerg gegrënnt. 1864 huet d’Firma expandéiert an nieft dem Maart vum Deutschen Zollverein och de belsche Maart beliwwert. Hir beschten Zäit haten déi zwee lëtzebuergesch Standuerter (an der Fiels an an der Millebaach, Stad Lëtzebuerg) tëschent 1865 an 1875. Deemools huet jiddwer Betrib am Schnëtt tëscht 25 an 30 Aarbechter beschäftegt. 1889 gouf d’Firma opkaaft, se konnt mat hirer Produktioun awer an der Fiels bis 1914 weidermaachen. D’Gebeier stin net méi. (486)
Adress: an der Scheerbach, an der Fiels

Vestimenta S.A.
Zougemaach: 1984
Aart vun der Aktivitéit: Boxen a Schaffgezei
Bekannt fir: d’Vestimenta-Box
Kuerz Firmebiografie
1935 hunn den Hermann Margulius an den Eric Lewandowski déi fréier Fabreck fir Schaffgezei Edgard Delmarque iwwerholl an d’Vestimenta S. A. gegrënnt. 1940 goufen déi zwee jiddesch Geschäftsleit aus Lëtzebuerg verdriwwen an hir Fabreck beschlagnaamt.
Wéi de Krich eriwwer war, hunn de Margulius an de Lewandowski d’Fabreck erëm opgebaut. Wéint der grousser Nofro bei de Boxen hunn se d’Fabreck 1952 vergréissert an nei Maschinne kaaft. Bis 1962 huet d’Entreprise geboomt a war mat 120 Beschäftegten déi gréisst Kleedermanufaktur an der Fiels. Duerno gouf den Drock duerch Bëllegpräisser an international grouss Konzerner ze staark an d’Vestimenta gouf 1984 opgeléist. (638)
Adress: 7, an der Scheerbach, an der Fiels

Manufacture générale de vêtements de travail J.P. Ginter - Ginter
Zougemaach: 1985
Aart vun der Aktivitéit: Gezei
Bekannt fir: Boxen a Schaffgezei (Blô Boxen), Jeansboxen („Rodeo Jeans“)
Kuerz Firmebiografie
1874 huet J.-P. Ginter d’Spënnerei Sinner-Even opkaaft (Stee) an an eng Fabrek fir Schaffgezei ëmgewandelt. Schon 1889 hunn hei ronn honnert Aarbechter geschafft. Bis an d’1950er-Joren huet d’Fabrek vun den Opträg vun der Stolindustrie (ARBED) an dem ëffentlechen Déngscht profitéiert bis se wéinst dem Opmaachen vum lëtzebuergeschen a spéider dem europäesche Maart 1985 huet missen all Aktivitéit astellen. D’Gemeng Fiels huet d’Gebailechkeete kaaft. Deen historeschen Deel vun der Fabrek huet se restauréiere gelooss an e Kulturzentrum („An der Kleederfabrek“) draus gemaach (7. Mee 1988 : Ouverture) an deem bis haut Theateropféierungen, Versammlungen, Concerten an ëffentlech Baler organiséiert ginn. (663)
Adress: 19, Miedernacher Strooss, an der Fiels